Musek am Gaart – Klouschtergaart Peppeng

4 juin 2023
Concert, Visite guidée, Visite libre

Fir de Rendez-vous au jardin 2023 organiséiert d’Gemeng Réiser an Zesummenaarbecht mat der Kulturkommissioun e gesellege Virmëtteg am flotte Kader vum Klouschtergaart zu Peppeng. Vun 10-12 Auer suergen de Mil Garofalo an de Lungo fir eng gutt Ambiance mat engem Apéro-Concert am Gaart. Begleet gëtt d’Event vun enger Visite guidée vum Klouschtergaart duerch de Coordinateur technique vum CIGL Réiserbann, deen de Leit weist wéieng Planzen hei all ugeplanzt ginn an wuessen. Zousätzlech ginn vum Ernährungscoach Camille Ô Naturel Kach- an Nutritiounsatelier’en mat lokale Produiten direkt am Gaart ugebueden, sou dass fir jiddereen eppes derbäi ass.

Time
4 juin 2023 10:00-15:00
Location(s)
Jardin du monastère, 3, rue Saint Benoît; L-3391 Peppange
Project organizer
Gemeng Réiser - relationspubliques@roeser.lu
40, Grand-Rue
3394 Roeser
Contact
Commune de Roeser
relationspubliques@roeser.lu
3692322210