Eng Zäitrees an d’17. Jorhonnert

4 juin
Concert, Visite libre

Kommt mat op eng musikalesch Rees an de Barockzäitalter, wou den Orchester Estro Armonico Wierker vum bedeitende Komponist Georg Muffat präsentéiert. Dësen däitsch-franséische Museker, den haaptsächlech un éisträicheschen Häff gedingt huet, huet souwuel de bekannte franséische (Opern-) Komponist Lully, wéi och den italieenesche Meeschter Corelli perséinlech kannt. Ënnert dëse verschiddenen Aflëss huet de Muffat en eegenen a weeweisende Styl geschaaft, deen den Estro Armonico Iech an dem schéine Kader vum Parc Mansfeld wëllt méi no bréngen.

Time
4 juin 18.30-19.30 heures
Location(s)
Parc Mansfeld, Allée Pierre Ernest de Mansfeld / Place Sainte-Cunégonde, Luxembourg
Project organizer
Estro Armonico asbl
Juniewicz
L-5823 Fentange
Contact
Estro Armonico asbl, Igor
admin@estro.lu
+ 352 661 309 742